Aktualitéitsstonn an der ChamberVersuergungssécherheet an Adaptatioun vun Aarbechtsrecht

Claude Zeimetz
E Mëttwoch gouf an der Chamber iwwert d'Versuergungssécherheet am Energiesecteur an och am Liewensmëttelsecteur diskutéiert.
© RTL-Archivbild

Aktualitéitsstonn Chamber / Reportage Claude Zeimetz

No der Hausse vun den Energiepräisser an d’Versuergungssécherheet am Energiesecteur ass et e Mëttwoch an der Chamber an enger Aktualitéitsstonn ëm d’Liewensmëttelsécherheet am Kontext vum Krich an der Ukrain gaangen. Dat op Demande vun der CSV. D’Oppositiounspartei fuerdert engersäits Ënnerstëtzung fir d’Bauerebetriber hei am Land a fir d’Stéit, déi mat de Präishausse konfrontéiert sinn, an anerersäits Adaptatioune bei der europäescher Agrarpolitik. Europa misst elo séier méi onofhängeg gi vun Importer an d’Liewensmëttelversuergung nees an de Virdergrond stellen, hunn direkt e puer Riedner ënnerstrach. Nieft de Gréngen, hunn och d’DP, déi Lénk, d’Piraten an den Agrarminister ënnerstrach, datt et awer elo net de Moment wier, fir d’Ziler vu méi enger nohalteger Landwirtschaft wéinst der aktueller Kris a Fro ze stellen.

De Landwirtschaftsminister war en Dënschdeg mat Vertrieder vum Schwéngssecteur zesummen. An d’nächst Woch soll nom EU-Agrarconseil e Méindeg och e “Kärendësch” sinn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt dem Claude Haagen no déi éisträichesch Initiativ, fir an der EU méi eewäisshalteg Planzen unzeplanzen, a wëll och Betriber mat Staatshëllefe stäipen. Ob Lëtzebuerg bereet wier, fir temporär drop ze verzichten, fir 4% Agrarflächen brooch ze leeën, esou wéi dat an der Gemeinsamer Europäescher Agrarpolitik PAC virgesinn ass, huet hien op stoe gelooss.

Adaptatiounen am Aarbechtsrecht

An der Chamber goufen e Mëttwoch de Mëtteg donieft och zwou Adaptatiounen am Aarbechtsrecht unanime gestëmmt. An Zukunft muss d’Personaldelegatioun a Betriber vu manner wéi 150 Mataarbechter iwwer Adaptatiounen an d’Aféierung vum Teletravail am Betrib informéiert ginn. A méi grousse Betriber ass e preliminären Accord tëscht Patron a Personaldelegatioun néideg.

Chômage wärend der Corona-Zäit

Donieft gëtt d’Hëllef, déi Chômeuren an der Covid-Zäit geleescht hunn, am Kader vun der sougenannter temporärer indemniséierter Occupatioun (OTI) net ugerechent. Vill Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht waren, hunn an der Pandemie zum Beispill gehollef, fir Schnelltester ze verdeelen oder fir de CovidCheck ze maachen, an domadder e wichtege Bäitrag fir d’Allgemengheet geleescht. Si kënnen elo 6 Méint enger anerer Beschäftegung nogoen, ouni datt d’Engagement wärend der Pandemie, wéi gesot, mat agerechent gëtt.

Back to Top
CIM LOGO