Den 11. November ass Mäertesdag, et gëtt also besonnesch un den hellege Mäerten geduecht, dee säi Mantel an zwee Stécker geschnidden a mat engem aarme Mann gedeelt huet, fir datt deen net erfréiert. Well den hellege Mäerten de Schutzpatréiner vun der Lëtzebuerger Arméi ass, gëtt deen Dag um Härebierg ëmmer besonnesch gefeiert. An dëst Joer hunn d'Wäerter eng zentral Roll gespillt.
Och Reen an deels zolitten Niwwel hunn d'Mäertesfeier vun der Lëtzebuerger Arméi net verhënnert. Den neie Generol Claude Robinet huet a senger Ried ënnerstrach, datt Wäerter immens wichteg fir eng Arméi wieren. Wäerter géingen duerch Virbiller entstoen a fir enger Virbildfunktioun gerecht ze ginn, misst ee gewësse Viraussetzungen erfëllen.
"All dat funktionéiert just duerch Engagement, duerch Kompetenz, duerch Rigueur, duerch Verlässlechkeet an duerch exemplarescht Verhalen. Awer nëmmen ënnert enger Konditioun, wann ee mënschlech ass, mënschlech a respektvoll, een zu deem aneren, wéi eise Schutzpatréiner eis et virgelieft huet. Dat alles verlaangen ech vun iech all. Ech kennen an dëser Arméi vill esou Virbiller, exemplaresch Cheffen, exemplaresch Mataarbechter."
Eng besonnesch Roll géing d'Vertraue spillen, dat een an deen aneren huet.
"E Chef huet Courage, fir ze decidéieren. Dobäi muss hien och Verantwortung u seng Ekippen ofginn, also delegéieren. De Chef gëtt also Verantwortung of, verléisst sech op seng Ekipp an dat braucht Vertrauen an d'Vertrauen ass d'Kärelement vun enger Arméi. De Chauffer vertraut drop, datt seng Bremse gräifen, wann e mat 30 Tonnen den Härebierg eroffiert, de Sektiounschef weess, datt hien de Réck fräi huet, wann den Tireur d'élite de Secteur hält."
Den Alain Schoeben, Commandant des Forces an an där Funktioun och Kommandant vun der Kasär um Härebierg, huet a senger Ried betount, datt d'Lëtzebuerger Zaldoten wa se bei Übungen oder Missiounen am Ausland matmaachen, ëmmer ganz positiv bewäert ginn. Als Beispill huet hien d'Reconnaissance-Kompanie genannt, déi virun engem Mount am franséische Centre d'entrainement au combat zu Mailly war. Ma och um Härebierg géing gutt Aarbecht geleescht ginn.
"Zum Beispill wann de Kader scho moies um Büro sëtzt, fir den Dag ze preparéieren, wann d'Rekrutte sech nach ënnert der Decke wenzelen. Wat dann awer skurril ass, ass wann een héiert, datt deene Kadere virgeworf gëtt, se géingen ze vill schaffen. Dat an Zäiten, wou grad d'NATO d'Arméie freet, fir haut prett ze sinn an net muer, de sougenannte fight tonight. Et dierf een den Zweck vun der Arméi net aus den Ae verléieren."
Den Alain Schoeben huet dann och fir en Ofbau vum administrativen Opwand plädéiert. Administratioun wier sënnvoll, awer just, wa se zu enger effizienter Gestioun vu Personal a Material féiert.
Den Aumônier vun der Arméi Nicolas Wenner huet gemengt, d'Welt géing ëmmer méi fragil an onberechenbar ginn. De Krich kéim ëmmer méi no un Europa erun an et géing och negativ Tendenzen an den europäesche Gesellschafte ginn. Universal Wäerter, wéi zum Beispill aner Leit sou ze behandelen, wéi ee selwer behandelt wëllt ginn, géingen ëmmer méi an den Hannergrond réckelen, wärend sozial Ongerechtegkeeten, Korruptioun an Aggressioun zouhuele géingen.
"Wann Europa iwwerliewe wëllt, da braucht et rëm méi mënschlech Vernonft, Moral an Empathie. Et braucht tëscht de Länner an de Mënschen an Europa rëm méi Verlässlechkeet an Zesummenhalt, méi Mënschlechkeet a Solidaritéit. A fir sou een Europa steet eise Schutzpatréiner, den hellege Mäerten, hie weist de Wee an een neit Europa. Een Euroskeptiker war de Mäerten net, well duerch ganz Europa huet säi Liewen hie gefouert an ëmmer ass et him gelongen, ze iwwerwannen, wat Mënschen a Vëlker getrennt huet."
Et war iwwregens dem Nicolas Wenner säi leschte Mäertesdag an offizieller Missioun, am Abrëll d'nächst Joer hält hien nämlech als Aumônier op. Hien hätt immens vill intensiv tëschemënschlech Erfarunge gemaach a géing sengem Nofollger virop een Tipp mat op de Wee ginn: Datt als Padre an der Arméi näischt ouni Snickers lafe géing.
D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes war net bei der Feier mat dobäi, si ass jo rezent um Knéi operéiert ginn.