"Wat ech wëll, ass federéieren"Grande-Duchesse Maria Teresa mobiliséiert weider géint Gewalt géint Fraen

Mariette Zenners
Am Kader vum internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen, de 25. November, huet d'Associatioun "Stand Speak Rise Up", déi jo vun der Grand-Duchesse Maria Teresa mat an d'Liewe geruff gouf, de ganze Mount iwwer Aktiounen zu Lëtzebuerg an zu Paräis lafen, fir op d'Thema opmierksam ze maachen a Fongen ze sammelen.

A Presenz vun der Realisatrice vum Film, der Alexandra Lamy, ass dësen Aktiounsmount e Mëttwoch mat der Projektioun vum Film "Touchées" am Kino Utopia agelaut ginn.

RTL hat am Virfeld d'Geleeënheet, ee Gespréich mat der Grande-Duchesse ze feieren. Hiert Engagement fir Fraen an deenen hir Kanner, déi Gewalt a Krichsgebidder erlieft hunn, féiert d'Mamm vum aktuelle Grand-Duc Guillaume mam selwechten Elan virun, wéi virun der Ofdankung vun hirem Mann, dem Grand-Duc Henri als Staatschef:

"Wat ech wëll, ass federéieren"
D'Grande-Duchesse Maria Teresa mobiliséiert virun am Kader vum Internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen.

Mir kommen déi nächst Deeg op weider Evenementer zréck, déi am Kader vum Aktiounsmount zu Lëtzebuerg geplangt sinn.

Back to Top
CIM LOGO