Mord um Schléiwenhaff a FräiheetsbamVertrieder vum Parquet freet Confirmatioun vum 1. Urteel

RTL Lëtzebuerg
Et soll deemno bei liewenslänglech fir den Haaptbeschëllegte bleiwen a bei 15 Joer fir de Matugekloten.
© RTL-Archiv

Am Appellsprozess ëm zwee Morden am November 2016 um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam, huet de Vertrieder vum Parquet général um Freideg de Moien, sou wéi et z'erwaarde war, d'Confirmatioun vum 1. Urteel gefrot. Deemno soll et beim liewenslängleche Prisong fir den Haaptbeschëllegten a bei 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, fir de Matugeklote bleiwen.

Viru knapp 4 Joer war um Schléiwenhaff en Drogendealer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert ëmbruecht ginn. D'Urteel vun der Cour d'appel an der Stad gëtt den 1. Dezember gesprach.

Back to Top
CIM LOGO