Vill Leit bestellen och online, mä wéi gesäit et dëst Joer mam Virus aus, ginn et elo nach méi Bestellungen ewéi déi Jore virdrun, oder ass et ewéi soss, a kritt doduercher d'Douane och méi ze di mat Wueren, déi net konform sinn?
Muncher een huet dëst Joer seng Chrëschtdagscadeauen online bestallt, wat et zwar och schonn déi Jore virdru gouf, mä de Virus huet dëst Joer d'Zuelen nach eng Kéier eropgesat. Dat Ganzt huet sech souzesoe verduebelt, seet de Michael Billert, dee sech ëm d'Logistik këmmert.
Wéi huet sech d'Post op dëse Phenomen preparéiert a kann et sinn, dass d'Liwweren dëst Joer méi laang dauert? Nee eben net: d'Maschinnen, déi am Asaz sinn, sinn esou performant, dass se bis dato nach alles packen.
A wéi gesäit et bei der Douane aus? Obwuel et hei e bësse méi Aarbecht gëtt, tauchen ëm d‘Feierdeeg elo méi illegal Saachen op ewéi soss?
D'Post an d'Douane a Corona-Zäiten: Un der Aarbecht feelt et dëst Joer net.
De Centre de Tri Beetebuerg ass en Hotspot vum Courrier a vun de Päck, déi zu Lëtzebuerg ukommen. D'Post war déi Jore virdru schonn ëmmer fir Enn dës Joers preparéiert, well do meeschtens méi verschéckt gëtt, ewéi wärend dem Joer, ma an der Pandemie an ëm d'Feierdeeg goungen d'Zuelen enorm an d'Luucht.
D'Personal gouf net reduzéiert, grad elo ass Héichbetrib am Centre de Tri, a mat den noutwennege Sécherheetsmesurë konnt hei ouni Problemer weidergeschafft an ausgeliwwert ginn. Den Angelo Salvatore Piras ass responsabel, dass d'Produktioun net zum Stëll-Stand kënnt, an dass d'Maschinne kontinuéierlech lafen, esou ass Non-Stop Aarbechtskraaft am Asaz, ob Livreuren oder Bréifdréier, d'Post schafft ronderëm d'Auer.
Wie sech bis elo nach net Gedanke gemaach huet, wat fir eng Societéit den Ament déi meeschte Päck verschéckt, ma de Jeff Bezos wäert wuel zefridde sinn. Wéi den Zoufall wollt, huet d'Post d'lescht Joer an eng Maschinn investéiert, déi elo indispensabel ass, eng mechanesch an technesch Sortéier-Maschinn. Dës kann net nëmmen de Courrier liesen a sortéieren, mä hei kënnen och Päck duerchgoen. Ouni dës High-Tech-Maschinn wär et u sech kaum méiglech der Aarbecht nozekommen.
Et heescht awer weider, dass se, egal wéi vill nach vun de Clientë bestallt gëtt, net an de Retard kommen, a wann, huet dat näischt mat hinnen ze dinn, mä mam Verkeefer, deen de Bestellungen net méi no kënnt a seng Wuer net séier genuch verschécke kann.
Vun der Post opgemaach a vun der Douane kontrolléiert, esou leeft et of, ma d'Douane kontrolléiert awer nëmme Päck, déi net aus der EU kommen.
Mir kucken eis esou eng Kontroll un, duerchschnëttlech gi reegelméisseg déi nämmlecht illegal Accessoiren a Substanze fonnt, ewéi Medikamenter oder illegal Waffen.
Der Douane hir Zuelen hu sech och verduebelt, wat awer net heesche wëll, dass se elo 2 Mol esouvill illegal Accessoirë fannen. Eent ass sécher, sollt een elo dëst Joer fir d'Feierdeeg säi Pak net mat Zäite kréien, dann huet ee meeschtens selwer ze spéit bestallt.