PolicebulletinVill alkoholiséiert Chauffeuren en der Nuecht op en Dënschdeg ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf et zu Keel en Accident ënnert Alkoholafloss. De Chauffeur hat d'Kontroll iwwert säi Won verluer an 3 geparkten Autoe gesträift.

Geschitt ass d’Accident en Dënschdeg de Moien géint 1.30 Auer. Kee gouf blesséiert, et blouf beim Materialschued. De Permis gouf agezunn. Um kuerz viru 4 Auer gouf dann e weidert Accident zu Keel gemellt. Hei goung e Won géint e Bam. Et blouf bei engem héije Materialschued, kee gouf blesséiert. Den Alkoholtest war awer dofir positiv.

Zu Wickreng koum dann en alkoholiséierte Mann an Arrest, dat wéinst sengem aggressive Verhale géigeniwwer de Rettungsekippe vum CGDIS, déi hie kuerz virun deem d’Police geruff gouf, de Mann behandele wollten. Och de Polizisten entgéint huet hien sech aggressiv verhalen. Hie koum an Arrest, krut de Permis ofgeholl an den Auto saiséiert.

Um Rond-point Schaffner an der Stad ass dann eng Fra duerch Rout gefuer. Bei der Kontroll ass festgestallt ginn, dass d’Fra hannert dem Steier ze vill gedronk hat. Och hei war de Permis fort. E weidere Permis gouf dann nach en Méindeg den Owend zu Esch agezunn.

Zu Sëll goufen dann direkt 2 Permise bannent enger Stonn agezunn. Eemol war um 3 Auer e Chauffeur alkoholiséiert ënnerwee an eemol géint 4 Auer. Beim 2. Fall huet de Mann souguer nach eemol probéiert, sech nees hannert d’Steier ze setzen, obwuel hie gesot huet, e géif ofgeholl ginn. Den Auto gouf dunn saiséiert a Protokoll un de Parquet geschéckt.

Zwee weider Permise goufen dann nach a gréissere Kontrollen am Raum Bettenduerf, Dikrech an Angelduerf agezunn. Dës Kontrolle ware vum Parquet ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO