Kollektiven EffortVill Kooperative setze sech zu Lëtzebuerg fir erneierbar Energien an

Pierre Weimerskirch
Et grënne sech ëmmer méi Kooperativen, fir selwer erneierbar Energien ze produzéieren. Eng Méiglechkeet si Wärmepompelen a Verbindung mat Photovoltaik.
Kooperative fir erneierbar Energien: de kollektiven Effort
Et grënne sech ëmmer méi Kooperativen, fir selwer erneierbar Energien ze produzéieren. Eng Méiglechkeet si Wärmepompelen a Verbindung mat Photovoltaik.

An de leschte Joren hu sech ëmmer méi Kooperativen zesummegeschloss, fir an erneierbar Energien ze investéieren. Zil ass et, gréisser Projeten zesummen ze finanzéieren. Dobäi ass et net nëmmen de finanzielle Volet, deen d’Leit motivéiert, mee och de Gedanken, seng eegen Energie ze produzéieren, spillt eng Roll.

Vill Leit wëllen ewech vun de fossillen Energien. Eng Méiglechkeet si Wäermepompelen, déi ee koppelt mat Photovoltaik. “Déi nei Generatioun vu Panneauen erméiglecht méi Leeschtung, mat manner finanziellem Invest”, esou de Paul Kauten, dee sech an enger Kooperativ zu Biekerech engagéiert. An engem neie Quartier, deen an der Gemeng Sëll entsteet, huet d’ Kooperativ d’Energiekonzept erstallt, och déi zukünfteg Awunner ginn Deel vun der Kooperativ.

Kooperative gëtt et der mëttlerweil uechtert d’ganzt Land. Pionéieraarbecht gouf ënnert anerem vun där vu Jonglënster geleescht. Op der Sportshal gouf an ee grousse Solarpark investéiert. E wichtegt Element wier d’Biergerbedeelegung. Räich géif een an enger Kooperativ net ginn, esou de Jules Muller vun der Kooperativ vu Jonglënster.

Villes hunn d’Kooperativen hei am Land scho beweegt, nach villes bleift ze maachen. Duerch technologesche Wandel wäerten an de nächste Joren d’Photovoltaik-Panele méi liicht a performant ginn, wouduerch een d’Sonnenenergie nach besser notze kéint.

Back to Top
CIM LOGO