
A Präsens vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Premier Xavier Bettel, de Vertrieder vum Parlament, der Justiz an der diplomatescher Welt, huet de Staatsrot e Freideg den Owend fir d'alleréischte Kéier op een Neijoerschpatt invitéiert. Staatsréit hätten de Ruff, diskret an effikass ze sinn, ma Diskretioun dierft awer net heeschen, dass ee sech virun aneren Institutioune géing verstoppen, dat sot d'Presidentin vum Staatsrot Agnès Durdu. Et wéilt ee sech besser no baussen representéieren, dat och fir kënnen d'Interessien vum Staatsrot besser ze vertrieden.
Vun de sëllegen invitéierte Ministeren an Deputéierte gouf sech virun allem e méi direkten Austausch gewënscht. Et wär ze hoffen, datt d'Visitten am Staatsrot méi heefeg ginn, grad bei méi komplexen Dossieren, esou d'Agnès Durdu, Presidentin vum Staatsrot.
Den éischten Neijoerschpatt géif symbolesch fir déi méi gewënschten Ouverture stoen. Och d'Verfassung war en Text, deen d'lescht Joer fir vill Beschäftegung gesuergt hätt. Ma et géif een d'Prioritéite vun der Chamber respektéieren, et géif ee sech op déi nächst Entrevuë freeën, fir d'Aarbecht un der Verfassung weider ze bréngen, esou d'Presidentin vum Staatsrot.
21 Reuniounen, dovu 14 oppe fir de Public, an 201 Kommissiounssëtzunge goufen d'lescht Joer am Conseil d'État gehalen.