Am Kader vum TramschantierVill Nerven a Gedold op der Strooss gefrot am Raum Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
Zënter e puer Wochen ass de Rangwee, d'Strooss tëscht dem Rond-point Gluck a Bouneweg, gespaart. Ma do kann den Akaafswee fir d'Awunner eng Weltrees ginn.
Den Tramschantier fuerdert vill Gedold zu Bouneweg.
Doduerch dass den Tramsreseau ausgebaut gëtt, lafen den Ament 3 grouss Chantieren am Raum Bouneweg. Dat féiert zu vill Stau a Verkéierschaos.

Den Tramsreseau gëtt den Ament a Richtung Bouneweg a Cloche d’Or weider ausgebaut. Dofir huet een den Ament am Raum Bouneweg 3 gréisser Chantiere lafen. Um Pont Buchler gëtt geschafft an déi nei N40 gëtt gebaut, eng Parallelstrooss zu der Route de Thionville. De problemateschste Chantier ass dann deen um Rangwee. Dat ass déi Strooss, vun där aus ee vum Rond-point Gluck op Bouneweg-Süd fiert. Dës ass fir den Trafic nämlech komplett gespaart, well hei am Kader vum Tramausbau Aarbechte lafen.

De Rangwee ass zou fir den Trafic. Elo huet ee just de Choix iwwert de Pont Buchler oder Hesper ze fueren.
De Rangwee ass zou fir den Trafic. Elo huet ee just de Choix iwwert de Pont Buchler oder Hesper ze fueren.
© Danielle Linden RTL Grafik

Dat huet natierlech en Afloss op den Trafic ronderëm. Kënnt ee vun der Autobunn an et wëll een op Bouneweg fueren, muss een de Wee iwwert de Pont Buchler huelen oder de ganzen Ëmwee iwwert Hesper maachen. Ma hei muss een net nëmmen deen een oder anere Kilometer méi aplangen, mee och ganz vill Gedold an Zäit. Hesper ass jo bekanntlech zu de Spëtzenzäiten ëmmer schonn iwwerlaascht. Ma och de Wee iwwert de Pont Buchler ass net onbedéngt ënnerbesat. Méi Gefierer bedeit méi Trafic an do hëlleft och de Bus net, dee matten op der Strooss stoebleiwe muss.

Ma dëst ass net nëmmen fir déi Leit nerveg, déi all Dag de Wee huelen, fir schaffen ze fueren, mee och besonnesch fir d’Awunner vum Quartier Bouneweg. Wann dës nämlech op den Houwald oder op d’Cloche d’Or fuere wëllen, fir hir normal Akeef ze maachen, ass dat net méi e Wee vun 5 bis 10 Minutten, mee gäre mol en Tierchen vun 20 bis 30 Minutten. Dat erzielt eis och de Romain Engels, zënter 30 Joer Awunner vu Bouneweg.

Ma de Rangwee huet awer missen zougemaach ginn fir den Tramschantier. Eng Alternativ gouf et net, sou de Ralph Di Marco, Pressespriecher vun der Ponts et Chaussées Lëtzebuerg. Do muss ee lo einfach op d’Zänn bäissen. Rëm fir den Trafic op sinn, soll de Rangwee dann réischt Enn dës Joers. Ma schonn ëm September soll den Trafic awer scho méi flësseg ginn, well dann déi nei N40 opgeet an och d’Aarbechten um Pont Buchler ofgeschloss sinn.

Back to Top
CIM LOGO