
Dat huet den Administrateur vum Kierchefong, Philip Mauel, op Nofro hi gesot. Vill Punkte wieren nach onkloer, wat déi nei Modalitéite fir subventionéierte soziale Wunnengsbau ugeet. Eng Onkloerheet, déi dofir géif suergen, dass déi Responsabel vun de Poren ëmmer manner bereet wieren, esou een Immobiliëprojet unzegoen.
D'Diskussioun tëscht dem Kierchefong an dem Logementsministère war entstanen, nodeems d'Konditiounen, fir sozial Wunnengsbau-Projete vum Staat subventionéiert ze kréien, geännert hunn an domat net méi rentabel wiere fir de Kierchefong. Dat wier och nach ëmmer esou, erkläert de Philip Mauel an enger schrëftlecher Äntwert. Dowéinst hätt een ugefaangen, sech no Alternative fir eng Rei vun hiren Terrainen a Projeten ëmzekucken.
Déi fréier Wunnengsbauministesch Sam Tanson hat jo ënnert anerem decidéiert, d'Dauer vun de Konventiounen, fir subventionéierte soziale Wunnraum ze schafen, mat net-staatleche Promoteure vun 20 op 40 Joer ze verlängeren. Esou laang mussen déi Wunnengen, déi am Fall vum Kierchefong vum Staat zu bis zu 75 Prozent subventionéiert ginn, och sozial Wunnenge bleiwen. Mat där Ännerung hätt een a sech och kee Problem, esou de Philip Mauel, wann dat just fir zukünfteg Projete géif gëllen.
Ma et wier net normal, dass d'Lafzäit vu Projeten, déi dem Ministère scho presentéiert goufen, ier et de Kierchefong iwwerhaapt gouf, elo och op 40 Joer soll verlängert ginn. Esou eng Ännerung hätt negativ finanziell Auswierkungen op Projeten am soziale Wunnengsbau, déi och esou scho wéineg rentabel wieren.
Am Fall vum Kierchefong, gouf e Projet op engem vun hiren Terrainen ausgeschafft fir sozial Wunnengen ze bauen. Dofir hätt een déi néideg Demarchë beim Ministère gemaach an och e schrëftlechen Accord kritt. Doropshi wier an Etüden, Infrastrukturen an d'Ausschaffe vun engem komplexe PAP-Dossier investéiert ginn. A kuerz éier ugefaange sollt gi mat Bauen – nodeems een an Tëschenzäit scho méi wéi ee Joer laang op déi néideg Autorisatioune gewaart huet – hätt een dunn erkläert kritt, dass d'Modalitéite vun de Subside geännert hunn.
Deemno sicht ee beim Kierchefong elo no anere Solutiounen, fir hir Gebaier an Terrainen ze verwalten.