Neien Terrain fir den Nordstad LycéeVirdeeler a puncto Verkéier, Schoulprofil an Entwécklung vum Site

Tim Morizet
Den Ament sinn eng 600 Schüler op 3 Plazen uechter Dikrech an Angelduerf verdeelt.
VIDEO: Projet Laduno - Nordstad Lycée / Rep. Tim Morizet (18.11.19)
Den Ament sinn eng 600 Schüler op 3 Plazen uechter Dikrech an Angelduerf verdeelt.

D'Gebaier sinn zanter Jore scho voll a sollten zum Deel just kuerzfristeg bewunnt sinn. D'Potential vun der Schoul weider z'entwéckele wier den Ament net ginn, heescht et vun Dikrech. Ufanks war hei den ale Laduno-Site, dee mëttlerweil am Besëtz vun der Luxlait ass. Wärend laanger Zäit eng Optioun, awer de Site wier schlussendlech ze kleng. E puer Meter méi weit gouf en neien Terrain fonnt.

Claude GLEIS, Buergermeeschter zu Ierpeldeng: „Mir hunn elo mat Bâtiments Publics an dem Educatiounsministère en Terrain fonnt zu Ierpeldeng an der Gemeng. Den Terrain läit tëscht der Alzheimer Klinik an dem Laduno. Dat sinn eng 5 bis 6 Hektar."
Grouss genuch, ma hei hänkt een awer. D'Bâtiments Publics géifen um Nordstad Lycée schaffen an hätten och Kontakt mam Service Technique vun Ierpeldeng opgeholl. Et wéist een awer net, ob de Comité d'Acquisitioun schonn d'Terraine kritt hätt. Dës wieren a privaten Hänn. Dat gouf dës Woch an engem Bréif un de Minister Bausch nogefrot.

Wat geschitt mam Laduno-Site?

Claude GLEIS:„Datt den Nordstad Lycée kéint an e Gesetz geschriwwe ginn, datt esou d'Utilité Publique spillt, dat heescht esou vill, ewéi datt een herno kéint expropriéieren. D'Gemeng wier awer net ganz frou, wann een dee Wee aschléit."

Op Nofro hin hu Bâtiments Publics confirméiert, datt den Ament Etüde gemaach géife ginn. Op Basis vun deem Avant-Projet géif elo en „Projet de loi" ausgeschafft ginn.

Et wär geplangt, d'Terrainen iwwert e Plan d'occupation du sol an „Bâtiments et équipements public" ëmzeklasséieren. Enn 2020 soll dee fäerdeg sinn. D'Plënneraktioun soll der Gemeng awer virun allem Positives bréngen.

André Bauler, Deputéierten a fréiere Gemenge-Buergermeeschter: „Dat wier éischtens gutt, fir de ganze Site weider z'entwéckelen. Fir d'Schoul wier et gutt, fir hire Profil ze schäerfen a méi attraktiv ze ginn. Et wier awer och wichteg, Dikrech am Verkéier z'entlaaschten. An dee Site, wou den Nordstad Lycée elo installéiert ass zu Dikrech, kéint genotzt gi fir den Ausbau vun der Hotelsschoul."

Fir de Lycée, mat Kantin, Examenssäll, Atelieren, enger Sportshal ewéi och eng Piscine ënner Daach ze kréien, wëll de Staat eng Ronn 5,8ha kafen. Aktuell leien Terrainen an enger Zone Verte.

Back to Top
CIM LOGO