ZeienopruffVirfaart zu Leideleng ignoréiert an nom Accident weidergefuer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 18.40 koum et zu Leideleng op der Opfaart fir op d'A4 Richtung Stad zu engem Accident.

Eng Automobilistin war an der Lëtzebuerger Strooss no Lénks ofgebéit, fir op d'Autobunn ze fueren. Aus Richtung Gaasperech koum och en Automobilist, deen no riets op d'Autobunn wollt fueren, deen awer op der Opfaart keng Virfaart hat. Dat huet de Chauffer awer ignoréiert, esou datt et zu engem Zesummestouss mat der Automobilistin koum. Duerch den Impakt gouf d'Gefier vun der Fra och géint d'Leitplanke gedréckt.

De schëllege Chauffer ass no e puer Meter stoe bliwwen, fir dono awer weiderzefueren, ouni no der Fra ze kucken. An där kuerzer Zäit, wéi de Mann mat der schwaarzer Limousin do stoung, waren dräi weider Autoe stoe bliwwen. D'Fra gouf beim Accident blesséiert an hiren Auto ass net méi ze reparéieren.

D'Police sicht elo no deenen 3 Automobilisten, déi stoe bliwwe waren, an no aneren Zeien, déi eppes gesinn hunn oder Indicen zum schwaarzen Auto kënne ginn. Si solle sech bei der Police um 244175200 oder per E-mail upr.sia@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO