Medezinesch FormatiounVirtuell Diagnostiken an Operatiounen a speziellem Camion

Pierre Jans
Simulatore ginn iwwer Joren entwéckelt an et gëtt grousse Wäert drop geluecht, datt se esou no wéi méiglech un der Realitéit sinn.
Virtuell Diagnostiken an Operatiounen a speziellem Camion
Simulatoren ginn iwwer Joren entwéckelt an et gëtt grousse Wäert drop geluecht, datt se esou no wéi méiglech un der Realitéit sinn...

An der medezinescher Formatioun gëtt ëmmer méi Wäert drop geluecht, datt Studenten a jonk Spezialiste fir d'éischt op engem Apparat kënne léieren, ier se a Kontakt mam mënschleche Kierper kommen.

Camion fir Simulatioun - Rep. Dany Rasqué

Op der Uni.lu, wou den Ament de medezineschen Enseignement opgebaut gëtt, sinn dëser Deeg Firmen op Besuch, déi esou Simulatiounsgeräter virstellen. Och zu Lëtzebuerg gëtt nämlech grousse Wäert op eng ambitiéis Simulatiounsunitéit geluecht.

Eng vun deene Firmen ass Virtamed, si ass mat engem equipéierte Camion um Site um Lampertsbierg.

Dodra sinn Apparater ënnerbruecht, op deenen ee ka virtuell Diagnostiken an och Operatioune maachen, zum Beispill un der Galeblos oder un der Gebärmutter. Et kann awer och léieren, wéi een u Gelenker schafft, explizéiert de Professer Gilbert Massard, den Direkter vun der Education medicale op de Uni.lu.

"Do kann een a Gelenker erakucken. An de Knéi, mä awer och an d'Hëft, an d'Schëller an an den Enkel. Do kann een dann Diagnose stelle vu Saachen, déi falsch lafen, zum Beispill Arthrose, Miniskus-Rupture, Bänner-Rupture an esou weider. An enger zweeter Phas léiert een op deem Apparat dann awer och wéi een déi Saachen erëm an d'Rei bréngt."

Esou Apparater sinn näischt Neits, de Gilbert Massard seet, e géif déi schonn iwwer 10 Joer suivéieren, ma si géifen ëmmer besser ginn. Am Ufank hätt een eng Operatioun op engem Simulator kënne maachen, ma an Tëschenzäit hätt een e ganze Katalog vu verschiddenen Operatiounen, déi méiglech wieren.

Simulatore ginn iwwer Joren entwéckelt an et gëtt grousse Wäert drop geluecht, datt se esou no wéi méiglech un der Realitéit sinn. Eng Aarbecht iwwert déi de Claude Hoeltgen Explikatioune gëtt. De Lëtzebuerger ass Chef-Ingenieur bei Virtamed. "Et si ganz vill Leit, déi dodru schaffen. An Chercheuren a Modeléierer, déi probéieren, déi richteg Touche ze geroden. Och mat den Dokteren zesummen, fir dat esou reell wéi méiglech ze maachen."

An der Theorie kënne Studenten, duerch esou Geräter éischter mat der Chirurgie a Kontakt kommen, an der Praxis ass dat awer eng aner Saach, seet de Professer Massard. "An der Theorie kann een e Student am zweeten, drëtten, véierte Joer un de Simulator loossen. Een deen onbedéngt wëll Chirurgie maachen. An der Praxis ass et awer esou, datt e Medezinsstudent vill ze léieren huet an d'Zäit ass knapps. Et si just 6 Joer Studium bis datt een an d'Spezialitéit erakënnt."

Dofir ass de virtuellen Training am Ufank vum Studium, dann awer éischter eppes wat een a senger Fräizäit mécht.

De Präis vun de Simulatoren hänkt ëmmer dovunner of, wéi vill Spezialitéiten a Modullen op der Plattform drop sinn.
De Claude Hoeltgen seet 100.000 Euro wier d'Basis mat där ee misst rechnen.

Back to Top
CIM LOGO