Haut gehéiert déi esou genannten Top Level Domain zu eisem Alldag. .COM .DE .FR oder .LU sinn hanner all grousse Firmennimm, awer och staatleche Servicer, ze liesen. Ee vun de populäerste Sitten hei am Land ass ouni Zweiwel den RTL.lu, mee wat war ären éischte .LU-Site, deen dir an de Browser getippt hutt, an ass .LU wierklech déi beschte Léisung, wier .LUX do net besser oder soss eng Kombinatioun?
.COM .DE .FR an och .LU sinn ënner anerem déi Buschtawen, déi ganz dacks um Schluss vun enger Internetadress stinn. Esou wësse mir, awer och de Computer, a wéi engem Land den Internetsite ze fannen ass.
Vergläiche kann een den .LU mat enger Zort Telefonsbuch, wou all d’Internetadresse vum Land dra stinn. Wann iergendwou een op der Welt d’Adress zum Beispill RTL.lu agëtt, esou weess de Server, dass en als éischt emol Telefonsbuch vu Lëtzebuerg opschléit, well um Schluss .lu steet an net .de, well e soss bei eisen däitsche Kolleege lant.
Restena.lu, dat ass déi Adress, wou am Fong all Internetsite hei am Land gebuer gëtt. Soll um Schluss vun enger Internetadress den L an den U stoen, esou muss een déi Demande bei Restena maachen. Déi eigentlech Aufgab vu Restena ass allerdéngs eng aner an zwar, sech ëm déi akademesch informatesch Netzwierker hei am Land ze këmmeren.
Virun 30 Joer huet den Internet grad mol lafe geléiert, et war just ee Fuerschungsprojet, bei deem et net sécher war, ob dat sech jee géing duerchsetzen. Mee ugangs vun den 90er Joren huet Lëtzebuerg dunn emol seng éischt IP-Adressen zougedeelt kritt an eng Handvoll Info-Proffen hu sech dee Moment geduecht, do musse mir matmaachen an esou emol an Amerika nogefrot, ob si dierfen.
Am Joer 2000 ass dunn aus dem Grapp voll Info-Proffen eng Fondatioun mat engem legale Kader ginn, well alles esou gewuess ass, dass och Paien hu misse bezuelt ginn. Wou een an den 90er nach ee Fax huet misse maachen, kann een haut alles mat e puer Klicken erleedegen, fir eng LU-Presenz ze kreéieren.
Wann een op Lëtzebuergesch ee Saz mat .lu mécht sti ganz dacks dräi Buschtawe virdrun, RTL. Hei am Haus ware se mat vir derbäi wéi deemools déi éischte Serveren am Land eng Websäit rausgespaut hunn. Ma zanter dem éischten RTL.lu ass vill passéiert.
Spéider dunn ass gestreamt gi mat Quicktime Real Player a Co, och do huet d’Ekipp hannert dem RTL.lu Pionéieraarbecht geleescht, wann och bësschen am McGuyver-Stil.
An 30 Joer koum et esou zu e puer Schlësselmomenter, mam Millenium Bug, dee kee war, dem 911, wou och d’Leit op eemol méi Noriichten online siche gaange sinn. Awer och den tragesche Moment vum Fligeraccident, bei deem op eemol ze vill Computere weltwäit den RTL.lu opgeruff hunn an esou de ganze System an d’Gette gaangen ass.
Och wa virun e puer Joren d’Panoplie vun de Top Level Domains erweider ginn ass .shop oder .web zum Beispill, baséiere sech déi Länner spezifesch DNSen op eng genormten ISO Lëscht 3166 Alpha-2 fir genau ze sinn, allerdéngs mat verschiddenen Ausname wéi den UK ënnert anerem.
An deem Sënn Happy Birthday.