
Bei "Déi Konservativ" schéngt et kuerz virun den Europawalen ze kriselen. De Vizepresident vun der Partei Mario May, dee souwuel mat an d'Chamberwale gaangen ass an och aktuell op der Lëscht fir d'Europawale steet, huet demissionéiert.
"Et ass einfach eng perséinlech a politesch Entscheedung. Net an engem gudden Moment, dat ass mer bewosst, mee esou weider maachen, war keng Optioun" huet de Mario May RTL matgedeelt.
Weider Detailer a wéi et mat senger politescher Zukunft weidergeet, wéilt hien Ugangs nächster Woch matdeelen.
Op sengem Facebookprofil erënnert de Politiker seng Follower, datt de 26. Mee d'Europawale sinn. D'Leit solle wiele goen, mä missten net onbedéngt him hir Stëmm ginn. Och ass hien dofir, datt ee vun enger Wallëscht nees erof ka kommen.
Méi opfälleg dogéint ass eng Foto, déi op eng nei Partei mam Numm "Nei Allianz" hindeit. Wéi de Mario May awer präziséiert, sinn Numm a Logo just en Test.
Am Laf vum Samschdeg de Moien huet d'Partei och d'Trennung am géigesäitegem Averständnes, wéi d'Partei präziséiert, vum Mario May confirméiert. Et wënscht een dem fréiere Vizepresident all Guddes fir déi politesch Zukunft. D'Demissioun géif awer näischt um weidere Wee vun der Partei änneren, weder bei der Existenz nach bei der Kandidatur fir d'Europawalen.
Och de Poste soll net nei besat ginn, well déi zweet Vizepresidentin a Kandidatin fir d'Europawale Sandra Schwachtgen dëse komplett géif iwwerhuelen.