Coronavirus zu LëtzebuergVu 11.021 Tester waren der 670 positiv, 6 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 254 Doudeger.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 221 Patienten hospitaliséiert, dovunner 44 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.758 aktiv Infektiounen, 19.231 Persoune gëllen als geheelt.

Bis ewell gouf iwwer eng hallef Millioun Leit hei am Land getest.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO