
Aktuell sinn 72 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 8 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.247.479 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 323,18 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 168,63 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.