Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.857 Tester waren der 1.978 positiv, 2 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 958 klëmmt.
© RTL

Aktuell sinn 84 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 (-2) Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.237.787 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 445,41 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 256,88 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO