Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.247 Tester waren der 94 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 821 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 669.767 Impf-Dosisse genotzt. 634 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.813 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO