Coronavirus zu LëtzebuergVu 712 PCR-Tester waren der 144 positiv, 1 Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.127 geklommen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 8 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.431 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 324 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 5 Persounen déi zweet Dosis war a bei véier déi éischt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO