Coronavirus zu LëtzebuergVu 718 Tester waren der 4 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© AFP

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 4 positiv geteste Patienten, dat fir den 30. August. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 718 Tester vu Residente gemaach.

Aktuell si 27 Leit hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO