
Op en éischten Asaz waren d'Rettungsdéngschter vum Zenter Nordstad a vum Colmer-Bierg zesumme mam Samu vun Ettelbréck geruff ginn, nodeems géint 17:27 Auer op der B7 a Richtung Fridhaff e Motocyclist gefall war.
Zu Ënsber huet haten d'Pompjeeë vum Alebësch dann en Asaz géint 19 Auer wéinst enger Poubelle, déi gebrannt huet. E weidere Brand gouf et e puer Minutte méi spéit zu Berbuerg an der Rue Nicolas Wagner, wéi e Grill Feier gefaangen hat. A béide Fäll war keng Persoun blesséiert ginn.
Um Findel gouf et géint 19:33 Auer allerdéngs e gréisseren Asaz, bei deem d'Rettungsdéngschter aus der Stad, vu Mamer, Mäertert, dem Findel, Hesper, Nidderaanwen a Sandweiler op der Plaz waren. An der Strooss "Beim Haff" hat eng Matrass Feier gefaangen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.
Um Gaalgebierg an zu Baschelt haten dann nach e Gaardenhaischen an Dréck op enger Wiss gebrannt. Och hei gouf et kee Blesséierten. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch, Schëffleng a vu Baschelt.
Kuerz no 2 Auer an der Nuecht gouf iwwerdeem e Foussgänger zu Esch um Boulevard J.F. Kennedy vun engem Auto ugestouss. Dës gouf dem CGDIS-Bulletin no awer net blesséiert. Um Asaz waren d'Ambulanciere vun Esch an d'Pompjeeë vu Keel.
Op der Polvermillen an der Stad ass géint 2:33 Auer en Auto an eng Mauer gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Den Noutdokter vum Samu an d'Rettungsdéngschter vum Findel an aus der Stad hu sech ëm dee Blesséierte gekëmmert.
E leschten Asaz gouf et dann nach zu Steesel an der Rue de Bridel, nodeems en automateschen eCall erausgeschéckt gi war. Op der Plaz waren d'Ambulancieren aus der Stad an d'Pompjeeë vum Zenter Steesel-Walfer.