Wat ännert dëst Joer?Vu Kafkraaft bis Sécherheet

RTL Lëtzebuerg
A Saache Kafkraaft, Energie, Gesondheet a Sécherheet ännere sech dëst Joer eng Partie Saachen.
Wat ännert dëst Joer?
A Saache Kafkraaft, Energie, Gesondheet a Sécherheet ännere sech dëst Joer eng Partie Saachen.

Kafkraaft

Wat d’Kafkraaft ubelaangt, sou ass de Joreswiessel mat enger Rei gudden Nouvellë verbonnen: d’Pensioune ginn ëm 2,2% revaloriséiert, bei déi och weider Indextranchë kommen, iwwerdeems de Mindestloun ëm 3,2% eropgeet op elo 2.387 Euro a 40 Cent fir net-qualifizéiert an 2.864 Euro an 88 Cent fir Fraen a Männer mat enger Qualifikatioun.

Wärend de 4 éischte Méint vum Joer rechent de Statec och mat zwou Indextranchen. Dobäi ass déi, déi am Abrëll ausbezuelt gëtt, déi Tranche, déi d’lescht Joer am Kader vun der Tripartite verréckelt gouf.

Eng weider Moossnam vun der Tripartite ass d’Erofsetze vun der TVA op enger Majoritéit u Produkter, ëm 1%. Just de super-reduzéierten Taux vun 3% bleift onverännert. Eng Rei Geschäfter hunn hei hir Präisschëlder ugepasst, fir dem Client dënn Ënnerscheed kloer ze weisen.

Energie

Wat d’Energie-Käschten ubelaangt, sou leeft de Präisdeckel op Gas a Masutt weider. Derbäi kënnt elo, datt och de Präis vum Stroum agefruer gëtt fir Clienten, déi manner wéi 25.000 KilowattStonne verbrauchen. An och op den Elektrobornen.

A Propos Stroum. D’TVA op Solaranlagen, déi nei installéiert ginn, geet vu 17 op 3% erof.

No de Masutt-Heizunge gi vun elo un och keng Gas-Heizunge méi an neie Gebaier installéiert. Domat gëtt d’Wäermepompel zur “Referenz-Technologie”.

Eng weider Energie-Quell, fir déi et vun elo un eng Subventioun gëtt, sinn d’Holzpellets. Hei soll de Präis ëm 35% erofgoen.

Automobilisten, déi mat Gefierer mat thermeschem Motor fueren, mussen un der Pompel méi déif an d’Täsch gräifen. D’CO2-Steier geet op elo 30 Cent d’Tonn erop.

Gesondheet

D’Contraceptioun gëtt integral gratis. Bis elo konnte just jonk Frae bis 30 Joer vu speziellen Tariffer profitéieren. Elo ginn d’Pëll, de Stérilet oder och d’Kondomer, fir Männer a Fraen, vun der CNS rembourséiert.

Sécherheet

Eng weider Nouvelle kann direkt Mënscheliewe retten. Vun elo un ass et obligatoresch, Feiermelder an der Wunneng ze hunn. Am Gank an an de Schlofzëmmer.

Back to Top
CIM LOGO