
Dat gouf e Mëttwoch op enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur ënnerstrach. D'Associatioun vun de Biologisten, de Mouvement écologique, den Naturmusée, Natur an Ëmwelt an d'Societéit vun den Naturalisten hate sech zesummegesat, fir drop opmierksam ze maachen, datt d'Baisse vun de Vullen och bei eis dramatesch ass.
Mir wieren am Gaangen eisen natierleche Liewensraum, eist "Haus ze zerstéieren", housch et op der Pressekonferenz. Déi verschidden Associatioune bedaueren, datt den Aarteverloscht an der Klimadiskussioun e bëssen an den Hannergrond réckelt a maachen drop opmierksam, datt mer déi Aarten déi ausstierwen, ni méi erëmkréien.
Wat erféiert, ass, datt ëmmer méi Zorten, déi et soss ganz dacks bei eis goufen, hire Wee op d'rout Lëscht fannen. Zum Beispill Schmuewelen (d'Stallschmuewel an d'Fënsterschmuewel) an awer och Spatzen.
Hei eng Rei nëtzlech Linken zu dëser Thematik: Naturemwelt.lu, Snl.lu, Abiol.lu, Meco.lu, Mnhn.lu.