Besseren Accès ginnVum 1. Abrëll u si Verhütungsmëttel gratis

Tim Morizet
D''Käschte fir all Zort vu Verhütungsmëttel ginn zu 100 Prozent an ouni Alterslimitt vum Staat iwwerholl.
Vum 1. Abrëll u si Verhütungsmëttel gratis
D’'Käschte fir all Zort vu Verhütungsmëttel ginn zu 100 Prozent an ouni Alterslimitt vum Staat iwwerholl.

Dozou gehéieren ënnert anerem d’Pëll, d’Spiral, de Rank an awer och Agrëffer wéi eng Sterilisatioun oder eng Vasektomie. D’Santé erhofft sech, datt duerch des Ännerung, d’Leit e besseren Accès op Verhütungsmëttel kréien.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert:

“Gratis Verhütungsmëttel, dat ass eng Bestriewung vun der Weltgesondheetsorganisatioun, datt d’Länner an déi Richtung solle goen. Et gëtt ugesinn als ee Mënscherecht, eng Familljeplanung ze maachen an zwar eng opgekläerte Familljeplanung mat enger Berodung, wou jidderee soll Accès hunn, zu deem wat am beschte passt op seng perséinlech a familiär Situatioun. Dat ass dat, wat mer hei wëlle realiséieren, fir wierklech déi ganz Bandbreet u Verhütungsmethoden opzemaachen an de Leit d’Méiglechkeet ginn, fräi a lass geléist vu finanziellen Aspekter dat ze maachen, wat am beschte bei hir Situatioun passt.”

Eenzeg Ausnam sinn nach ëmmer d’Kondomer. D’Gesondheetsministesch verweist awer dorop, datt een dës souwisou schonn op ganz ville Plazen am Land gratis kréie géing, wéi z.B. an de Büroe vun der HIV-Berodung oder beim Planning Familial. Den Ament schafft d’Santé awer och un engem Konzept fir Kondomer gratis an de Schoule kënnen ze verdeelen.

Op de Wee vum Verdeelen an den Apdikten, wéi et a Frankräich schonn de Fall ass, wéilt een den Ament awer net goen. An engems wéilt ee weider Sensibiliséierungscampagnë maachen, fir spezifesch och Jonker dorop opmierksam ze maachen, wéi se sech vu Krankheete schütze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO