An all Gebai mat WunnengVum 1. Januar 2023 u sinn Dampmelder obligatoresch

RTL Lëtzebuerg
Déi fräiwëlleg Iwwergangsperiod vun den Dampmelder ass eriwwer. Vun elo u ass et Flicht.
© RTL Archivbild

Vun elo u muss an all Gebai, an deem op d’mannst eng Wunneng ass, obligatoresch en Dampmelder installéiert sinn. Dat heescht, se mussen an all Schlofkummer an op de Fluchtweeër, also am Gank, montéiert ginn.

D’Proprietäre vu Locatiounswunnenge sinn dofir verantwortlech, fir an der verlounter Wunneng d’Dampmelder opzehänken. De Locataire muss den Entretien assuréieren.

Sanktioune sinn am Gesetz keng virgesinn. Et riskéiert een och keen Nodeel um Niveau vun der Assurance. Dat ass explizitt am Gesetz ausgeschloss. D’Versécherung muss also och fir de Schued an der Wunneng opkommen, wa keen Dampmelder opgehaangen gouf.

Back to Top
CIM LOGO