
3.641 Persoune goufen tëscht dem 25. Abrëll an dem 1. Mee positiv op de Coronavirus getest, déi Woch virdru waren et der nach 4.311. Dobäi ass d’Unzuel vun de PCR-Tester mat 12.847 (12.911 déi Woch virdrun) just ganz liicht erofgaangen. Och déi aktiv Infektioune si gefall. Um 1. Mee gouf et der nach 8.256, de 24. Abrëll war et der 10.010.
An der Woch vum 25. Abrëll op den 1. Mee sinn dann nach 6 weider Persounen un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen. D’Altersmoyenne vun hinne louch bei 84 Joer.
D’Spideeler waren dann och manner frequentéiert. Esou goufe 14 nei Patienten an der Woch vum 25. Abrëll wéinst dem Coronavirus an d’Spidol ageliwwert, déi Woch virdrun waren et der 10 méi. Donieft huet sech awer d’Zuel vun de beluechte Better op den Intensivstatioune verduebelt, déi leschte Woch waren do zwou Persounen an der Moyenne a Behandlung.
Op d’Alterskategorië gekuckt, mécht d’Grupp tëscht 30 a 44 Joer déi meeschte Fäll aus (759 op 100.000) gläichzäiteg awer ass an dëser Grupp déi gréisste Baisse mat -22 Prozent ze verzeechnen. Déi mannst Fäll ginn et bei de Leit tëscht 60 a 74 (434 op 100.000).
Déi meeschte Leit hu sech an der Famill ugestach (32 Prozent vun de Befroten), dono waren Auslandsreesen (10%) esou wéi d’Fräizäit, d’Aarbecht an de Fleegesecteur (7%) de Fall. Iwwer ee Véierel vun de Leit konnten net novollzéien, wou si sech ugestach hunn.
E kuerze Bléck op d’Impfungen. Déi lescht Woch Abrëll kruten 46 Leit hir éischt Dosis, 139 déi zweet, 536 déi drëtt a souguer 1.346 eng véiert. Esou goufen Stand den 2. Mee moies zu Lëtzebuerg 1.279.644 Dosisse genotzt an 473.137 Persounen hunn eng komplett Impfung, wat ronn 78,7 Prozent vun der Populatioun sinn, déi geimpft kënne ginn, also all Mënsch iwwer 5 Joer.