PoliceVum Diddelenger Maart profitéieren, fir abriechen ze goen

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng goufen en Donneschdeg 3 Persoune festgeholl, wéi si no eidele Wunnenge gesicht hunn, fir kënnen anzebriechen.
© RTL

Wéi d'Police um Donneschdeg de Moien um Patrulléiere war, sinn d'Beamten op eng Ausernanersetzung tëscht enger Rëtsch vu Leit opmierksam ginn. Wéi sech rausgestallt huet, goufen 3 Leit an engem Gebai vun engem Proprietär erwëscht, wéi se am Gaange waren un all d'Diere vum Gebai ze schellen.

Dës Method gëtt meeschtens vun Abriecher benotzt, fir ze kucken ob een doheem ass. 2 vun deenen 3 Persoune konnte sech net unhand vu Pabeieren identifizéieren. Déi 3 Persoune goufe mat op de Büro geholl an duerchsicht. Do hunn d'Beamten dunn een Tournevis, eng Schéier an Deeler aus festem Plastik, dee benotzt gëtt, fir Dieren opzemaachen, déi net zougespaart sinn, fonnt. Bei der Iwwerpréiwung vun den Identitéiten huet sech rausgestallt, dass eng vun deene Persounen eng Fra war, déi unhand vun engem europäesche Mandat d'arrêt gesicht gouf. D'Fra gouf festgeholl a koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Mann mat Messer ënnerwee

E Mëttwoch den Owend gouf zu Ettelbréck eng Persoun mat engem Messer blesséiert. Eng Rëtsch Leit ware géint 22 Auer an der Rue Prince Henri, wéi et zu engem Sträit a schliisslech zu enger Kläpperei koum, woubäi ee mat engem Messer blesséiert gouf.

Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, war just nach d'Affer do, deen dunn an d'Klinik gefouert gouf. Den Täter konnt mi spéit an engem Bus a Richtung Stad fonnt ginn. Eng Plainte gouf gemaach, ënnert anerem och wéinst enger gerénger Quantitéit u Cannabis, déi beim Mann fonnt gouf.

En Donneschdeg huet dee selwechte Mann sech bei der Police gemellt an uginn, dass hien e Mëttwoch am Nomëtten och eng aner Persoun mam Messer blesséiert hat, dës Kéier an der Stad bei der Kinnekswiss. Et soll virdrun zu enger Ausernanersetzung komm sinn.

D'Affer konnt och do no kuerzer Zäit d'Spidol erëm verloossen.

Back to Top
CIM LOGO