Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.082 PCR-Tester waren der 198 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, net geklommen ass a weiderhi bei 1.126 läit.
© RTL

Aktuell sinn nach 5 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.372 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 347 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 9 Persounen déi zweet Dosis war.

Bei 79 Persounen ass eng Reinfektioun festgestallt ginn.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Infektiounszuele bleiwen zu Lëtzebuerg allgemeng stabel. De Wocheréckbléck vum Mëttwoch fannt Dir hei.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO