
Am Ganze sinn et elo zu Lëtzebuerg 410 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.
Aktuell sinn 239 Patienten hospitaliséiert, dovunner 50 op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 8.123 aktiv Infektiounen, 33.367 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.