Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.436 PCR-Tester waren der 378 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.129 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.681 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 381 waren ergänzend Dosen, wärend et bei siwe Persounen déi zweet Dosis war a bei dräi déi éischt.

Et gouf 154 Re-Infektiounen.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,42. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO