Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.648 PCR-Tester waren der 408 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.144 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament allerdéngs keen op der Intensivstatioun.

175 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.459 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 610 waren ergänzend Dosen, wärend zwee eng zweet Dosis kruten. Bei véier Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO