Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.701 PCR-Tester waren der 523 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.134 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, eng dovunner läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.877 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 567 waren ergänzend Dosen, wärend et bei véier Persounen déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.

Et goufen 246 Neiinfektioune registréiert.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO