Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.101 Tester waren der 66 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, déi lescht 24 Stonnen net geklomme sinn.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen zu enger Hausse vu 66 positiv geteste Patiente komm. Dat sinn der elo am Ganze 5.122.

Vun den Infizéierte sinn der 4.214 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 44 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 111 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 67 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 302.812 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 10.101 Persoune getest.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 764 aktiv Infektioune ginn an 4.247 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 34 (-13) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 Patiente (1+) sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 981 (+7) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,16.

Back to Top
CIM LOGO