Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.260 Tester waren der 185 positiv, 4 nei Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 697 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 128 Persounen hospitaliséiert, dovunner 26 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.886 aktiv Infektiounen a 54.528 Persoune gëllen als geheelt.

1.257 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 283 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 60.587 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO