
Tëscht 20.30 an 21.30 Auer e Mëttwoch huet d’Police an der Rue de Luxembourg zu Tënten eng gréisser Alkoholkontroll duerchgeféiert. 100 Automobilisten hu misste blosen. An deenen zwee Fäll, wou den Test positiv war, gouf ee Procès-verbal an een Avertissement taxé ausgestallt. Kee Permis gouf agezunn. Zwee weider Avertissemts taxés goufe verdeelt, well keng valabel Assurance virlouch.
Am Kader vun enger anerer Verkéierskontroll konnt um Mëttwoch Owend géint 17.45 Auer op der N13B bei Helleng bei engem Chauffer en Alkoholgeroch festgestallt ginn. No engem positiven Alkoholtest gouf de Permis ofgeholl.
E puer Stonnen drop, géint 23.30 Auer, koum et an der Rue du Cimetière zu Rued-Sir zu engem Verkéiersaccident. Éischten Informatiounen no huet d’Automobilistin beim Ofbéien d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass an eng Mauer gerannt. Och hei ass den Alkoholtest positiv verlaf. E Protokoll gouf erstallt an d’Fra gouf fir eng Kontroll an d’Klinick bruecht.
Bei enger Verkéierskontroll um Donneschdeg gouf e Chauffer géint 00.45 Auer op der Haaptstrooss zu Hengescht gestoppt, well hien ze séier ënnerwee war. Nees war den Alkoholtest positiv an de Mann krut e provisoresche Fuerverbuet.
E bësse méi spéit ass der Police en Auto zu Ettelbréck wéinst sengem verdächtege Fuerstil opgefall. Bei der Kontroll konnt en Alkoholgeroch festgestallt ginn. Allerdéngs huet d’Fra hannert dem Steier den Alkoholtest verweigert a krut doropshin de Permis entzunn.
Zudeem gouf kuerz virun 3 Auer an der Nuecht e Gefier op der Aire de Capellen ugehalen. Hei konnt eng kleng Quantitéit Cannabis séchergestallt ginn. De Chauffer huet uginn, dëse viru Kuerzem consomméiert ze hunn a war en plus net a Besetz vun engem Fürerschäin. E Protokoll gouf erstallt.
Ofschléissend gouf d’Police géint 5.15 Auer bei enger Tankstell um Wandhaff op e weidert Gefier wéinst engem opfällege Fuerstil opmierksam. De Chauffer war alkoholiséiert a krut e Protokoll.