Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.431 Tester waren der 535 positiv, 6 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 300 Doudeger.
© RTL

E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt vun 11.431 Tester der 535 positiv waren.

Aktuell sinn 220 (-3) Patienten hospitaliséiert, dovunner 43 (-1) op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 9.036 aktiv Infektiounen, 24.073 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO