Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.432 Tester waren der 700 positiv, 5 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 5 op elo 211 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 214 Patienten hospitaliséiert, dovunner 39 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 10.209 aktiv Infektiounen, 14.798 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO