Coronavirus zu LëtzebuergVun 12.696 Tester waren der 506 positiv, weider 8 Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 8 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn et elo 392 Doudeger.

Aktuell sinn 217 Patienten hospitaliséiert, dovunner 47 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.685 aktiv Infektiounen, 31.678 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Den Dr. Paul Wirtgen am RTL-Interview
E Freideg den Owend war de medizineschen Direkter vum Centre hospitalier du Nord Invité am Journal.

Back to Top
CIM LOGO