
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt vun 12.845 Tester der 773 positiv waren.
Aktuell sinn 223 (-2) Patienten hospitaliséiert, dovunner 44 (+1) op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 9.175 aktiv Infektiounen, 23.404 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.