PoliceVun 125 Chauffere krute 5 de Permis ofgeholl, Kontrollen och op anere Plazen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf an der Nuecht op e Samschdeg eng gréisser Alkoholkontroll op Uerder vum Parquet zu Rëmeleng an zu Keel duerchgefouert.
© RTL Archivbild

D’Kontrolle waren tëscht 23 an 3 Auer. Am Ganze goufen 125 Automobiliste ugehalen. An 13 Fäll war den Alkoholtest positiv, dovu mussen 8 Automobilisten mat juristesch Suitte rechnen, 5 anerer kruten e Protokoll. 5 Permise waren nach op der Plaz fort.

Alkoholiséiert Chauffere queesch duerch d’Land

Am spéide Freidegnomëtte krut d’Police en Automobilist wéinst senger opfälleger Fuerweis gemellt. De Won konnt op der A3 a Richtung Frankräich gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv.

Géint 23 Auer koum et op der Place de l’Etoile an der Stad zu enger Kollisioun tëscht engem Bus an engem Auto. Kengem ass eppes geschitt, ma d’Automobilistin hat ze vill gedronk.

Kuerz no Hallefnuecht ass nach ee Chauffer zu Käerjeng wéinst senger Fuerweis opgefall a gouf kontrolléiert. Och hei war Alkohol am Spill.

Kuerz no 3 Auer goufe bei Chaufferen zu Rodange, respektiv op der Nordstrooss en ze héijen Alkoholwäert festgestallt. Fir de Mann op der A7 ass et allerdéngs bei engem Protokoll bliwwen.

A allen anere Fäll gouf de Permis agezunn.

Um 4 Auer krut nach ee weideren Automobilist zu Ell wéinst Alkohol hannert dem Steier säi Fürerschäin ofgeholl.

E presséierte Chauffer hat géint 4.30 Auer op der Escher A4 eng Policepatrull iwwerholl, déi sech mat bloe Luuchten a Sireen direkt hannendru gehaangen huet. Den Auto gouf wärenddeem am Zickzack a mat héijer Vitess weider gesteiert a krut och e puer Mol d’Leitplanken ze paken. Wéi den Auto um Enn konnt gestoppt ginn, gouf festgestallt, dass de Mann hannert dem Steier däitlech gedronk hat. Och hei gouf de Permis agezunn.

Géint 6.30 Auer koum et an der Garer Strooss zu Beetebuerg zu engem Accident mat Materialschued. E Chauffer hat do e Potto ze pake kritt. Den accidentéierte Won ass matten op der Fuerbunn un d’Hale komm an et koum deementspriechend zu Stau op där Plaz. D’Police huet kuerz drop festgestallt, dass de Chauffer an der Camionnette ageschlof war. Et gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv war. De Mann krut de Permis ewechgeholl. Blesséiert gouf keen.

A kuerz no 8 Auer war nach ee leschten alkoholiséierte Chauffer op der Streck A7/N7 gemellt. Hei gouf ausgesot, dass d’Gefier e puer Mol d’Leitplanke beréiert hätt an a Richtung Norde weidergefuer wier. D’Police konnt de gemellte Won lokaliséieren, an deem de Chauffer souz ze schlofen. De Mann, deen däitlech Unzeeche vun Alkoholafloss opgewisen huet, huet en Test refuséiert. Hie krut e Fuerverbuet an et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO