Coronavirus zu LëtzebuergVun 13.171 Tester waren der 387 positiv, 3 Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 746 läit.
© RTL

Aktuell sinn 143 (+5) Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 3.804 aktiv Infektiounen a 57.092 Persoune gëllen als geheelt.
 
2.298 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 593 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 92.574 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO