
Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, zwou dovunner leien op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.993 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 536 waren ergänzend Dosen, wärend 7 Persounen eng zweet Dosis kruten a bei 2 Persoune war et déi éischt.
Et goufen 280 Reinfektioune registréiert.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.