Alkoholkontrollen zu Hiefenech a GuedberVun 243 Chaufferen hat just een ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Police op Uerder vum Parquet tëscht 19 an 21.30 Auer zu Hiefenech op der N14 an zu Guedber um CR130 Alkoholkontrollen duerchgefouert.
© RTL Archivbild

Am Ganze goufen op den zwou Plazen 243 Automobilisten ugehalen, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand. Nëmmen ee Chauffer hat nom Otemtest e positiivt Resultat. Hie krut en Avertissement taxé an huet säi Permis dierfe behalen.

Back to Top
CIM LOGO