Coronavirus zu LëtzebuergVun 6.418 Tester waren der 88 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 125 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 88 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.418 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 28 (0) Leit hospitaliséiert, 3 (0) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91.

Back to Top
CIM LOGO