Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.082 Tester waren der 37 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© AFP

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 37 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Dat fir de 27. August. Et goufen 8.082 Tester vu Residente gemaach.

Aktuell sinn 30 Leit hospitaliséiert, dorënner 2 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO