Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.806 Tester waren der 425 positiv, 4 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 4 weider Persounen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn dat elo 240 Doudeger.
© RTL

Aktuell sinn 236 Patienten hospitaliséiert, dovunner 48 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.417 aktiv Infektiounen, 18.024 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit onverännert bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO