
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt vun 856 Tester der 139 positiv waren.
Aktuell sinn 214 (+11) Patienten hospitaliséiert, dovunner 42 op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 8.271 aktiv Infektiounen, 26.086 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.