Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.795 Tester waren der 266 positiv, 1 Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 705 läit.

Aktuell sinn 120 (+7) Persounen hospitaliséiert, dovunner 23 (-2) op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.034 aktiv Infektiounen a 54.935 Persoune gëllen als geheelt.

2.622 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 464 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 67.154 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO