1 Joer Krich an der UkrainVun Trauer iwwer Roserei bis Hoffnung

Jeannot Ries
"Haut ass en immens däischteren Dag fir d'ganz Ukrain. Fir Europa an déi ganz Welt."
Vun Trauer iwwer Roserei, bis Hoffnung
“Haut ass en immens däischteren Dag fir d’ganz Ukrain. Fir Europa an déi ganz Welt.”

D’Emotioun war um Freideg och hei zu Lëtzebuerg, 2.000 Kilometer vu Kiew, kloer an der Stëmm vun der Natalia Anoshyna ze spieren. A Presenz vun enger ganzer Rei Vertrieder vum Corps Diplomatique ass d’Chargée d’affaires vun der ukrainescher Ambassade op d’Leide vum ukrainesche Vollek agaangen. Wéi d’Russe bewosst déi lescht 365 Deeg zéngdausenden zivil Ziler attackéiert hunn. Wéi d’Russen iwwer de Wanter Energie-Terror bedreiwen. D’Natalia Anoshyna ass drop agaangen, op wat fir eng barbaresch Manéier d’russesch Arméi, d’Miliz vum Grupp Wagner virgeet:

''Méi wéi 70.000 Krichsverbriechen, déi zënter dem 24. Februar 2022 enregistréiert goufen, ginn ënnersicht. An et gëtt keen Zweiwel, datt Russland dowéinst wäert viru Geriicht bruecht ginn.’'

Opginn wäerte se keng Regioun, d’Ukrainer. Vum Donbass bis erof op Kherson. Dat huet de President Selenskyj nach emol zu Kiew ënnerstrach.

''Mir wëssen dat 2023 d’Joer vun der Victoire gëtt ''

De Bléck ass no vir geriicht. Dofir gouf et och vu Lëtzebuerg aus den Appell, d’Ukrainer beim Neesopbau z’ënnerstëtzen.

'‘Mir wäerten all eise Frënn dankbar sinn, fir hir Ënnerstëtzung, d’Ukrain nees opzebauen. Blockéiert an agefruere Verméige vun der russescher Federatioun a Sanktiounen op russesch Bierger mussen d’Haaptquell vun der Finanzéierung, vun der Entschiedegung fir d’Ukrain an hir Bierger ginn’’, sou d’Chargée affaires vun der ukrainescher Ambassade.

Et war och den Appell, Russland weider iwwer de Wee vu Sanktiounen op d’Knéien ze kréien. Den Drock op den terroristesche Staat Russland misst weider wuessen. Russland misst politesch isoléiert ginn.

''Et gëtt keng Plaz fir en terroristesche Staat, ënner demokratesch vereenten Natiounen.’'

Den Nicolas Zharov vun der ASBL LUkraine huet op d’Solidaritéit vun der Lëtzebuerger Regierung an der Bevëlkerung hei am Land higewisen. Merci gesot fir d’Ënnerstëtzung bis elo. Ronn 5.000 Leit aus der Ukrain sinn zanter dem Ufank vum Krich zu Lëtzebuerg ukomm. Op Hëllef wäert d’Ukrain och iwwer déi nächst Joren eraus ugewise sinn. Déi international Gemeinschaft wäert do e ganz laangen Otem brauchen.

Vun der Plaz zu Kiew eng Korrespondenz vum Philip Crowther fir RTL

Vun der Plaz zu Kiew eng Korrespondenz vum Philip Crowther fir RTL
1 Joer Krich an der Ukrain ass de Sujet vum Dag

Back to Top
CIM LOGO